De Plooschter Projet

De Plooschter Projet war den 11. November 2022 am LMA zu Lamadelaine. Do hunn sech 270 nei potenziell Stammzellespender registréiere gelooss. Dat sinn 270 Chance méi fir engem kranke Mënsch iergendwou op der Welt ze hëllefen. Aktuell stierft nach all 3. Patient hei zu Lëtzebuerg, wëll en net de passende Spender fënnt. Mir hunn alleguer iergendwou op der Welt eise geneteschen Zwilling a, wat mer zu méi sinn an der weltwäiter Datebank, wat d’Chance méi grouss ass fir genau deen ze fannen de passt an esou e Liewen ze retten.